arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europäesch Kommissioun presentéiert Progrèse vun EU-Bäitrëttskandidaten

EU-Erweiderung

|
headphones

1 min

Europäesch Kommissioun presentéiert Progrèse vun EU-Bäitrëttskandidaten

Déi Europäesch Kommissioun huet haut hire Rapport publizéiert iwwer d'Progrèse vun EU-Bäitrëttskandidaten. Esou ee Rapport gëtt all Joer gemaach. 

headphones

1 min

Trotz dem Krich huet d'Ukrain Progrèse gemaach bei de Reformen, déi néideg sinn, fir Member vun der EU ze ginn. 

D'Land muss awer méi séier virukommen, fir d'Ziler ze erreechen, zu deem Schluss kënnt déi Europäesch Kommissioun an hirem neie Rapport iwwer d'Länner, déi Kandidat sinn, fir Member vun der EU ze ginn. 

EU-Membere musse Bäitrëttsverträg ratifizéieren

Zwee vun den néng Kandidatelänner, Montenegro an Albanien, sinn där Analys no am wäitste fortgeschratt an deem Prozess.

Montenegro kéint deemno d'Bäitrëttsverhandlunge bis Enn 2026 ofschléissen, bei Albanie kéint dat bis Enn 2027 de Fall sinn, esou déi Europäesch Kommissioun.

Duerno missten dann allerdéngs nach déi 27 aktuell EU-Länner d'Bäitrëttsverträg ratifizéieren.

Ee Land ass iwwerdeems just nach um Pabeier ee Bäitrëttskandidat: Dat ass Georgien. 

D'Land huet repressiv Gesetzer decidéiert, d'Justiz politesch instrumentaliséiert, Oppositiounsleadere poursuivéiert a willkürlech Demonstrante genee wéi Membere vun der Press verhaft, esou d’Kommissioun am Rapport.