arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De gudde Wëlle fir an d'EU - Wéi laang hält en un?

EU-Bäitrëtt Montenegro

|
headphones

2 min

De gudde Wëlle fir an d'EU - Wéi laang hält en un?

Montenegro ass zënter 2008 Bäitrëttskandidat vun der Europäescher Union. Mee ass de gudde Wëllen, der EU endlech bäizetrieden, 17 Joer méi spéit nach do? De Premier Luc Frieden war op offizieller Visitt a Montenegro a stellt fest, datt ee Bäitrëttskandidaten net ze laang dierf waarde loossen.

headphones

2 min

© picture alliance / Photoshot
(Foto: picture alliance / Photoshot )

D’EU dierft méiglech Bäitrëttslänner net esou laang op der Waardelëscht fir EU-Memberstaat ze gi stoe loossen. Dat sot de Premier Luc Frieden, deen den Ament op offizieller Visitt a Montenegro ass. 

Lëtzebuerg ënnerstëtzt EU-Memberschaft

Lëtzebuerg géif eng EU-Memberschaft vu Montenegro am Laf vum nächste Joer ënnerstëtzen, esou de Luc Frieden. Montenegro ass zënter 2008 Bäitrëttskandidat. D'nächst Joer sollen d'Bäitrëttsverhandlungen ofgeschloss ginn. Montenegro soll nach virun 2030 der EU bäitrieden. 

Et wier wichteg, datt een déi Länner net géif eleng loossen, soss géife si sech aneren uschléissen, esou de Luc Frieden. Dat wier nämlech schonn am gaangen ze geschéien. 

"Wann ech déi eenzel Rapporte liesen, da gesinn ech, datt a verschiddene Länner den Interêt, fir an d'Europäesch Unioun ze kommen, net méi esou staark ass, wéi e vläicht viru Jore war."

Déi geostrategesch Dimensioun

D'EU Erweiderung hätt zwou Dimensiounen. Engersäits misst ee kucken, datt potentiell Memberlänner net Aneren an d'Hänn falen. Dat wier déi geostrateegesch Dimensioun, esou de Luc Frieden.

An déi aner Säit wier, datt ee Wuelstand a Sécherheet um ganze Kontinent huet. De Premier betount, datt dës Länner heefeg och d'Baussegrenze vun der Europäescher Unioun duerstellen. 

Pro Europa a Pro Serbesch?

Dem aktuelle Premierminister a Montenegro, de Milojko Spajić, seng Partei Evropa sad! (Europa elo!) ass - wéi den Numm et scho seet - pro-europäesch an setzt sech fir e séieren EU-Bäitrëtt vu Montenegro an. D'Partei huet awer och Kontakter zu pro-serbesche Verbindungen.

An de leschte Jore wier de serbeschen Afloss an deem ronn 600.000 Awunner-Land am Südoste vun Europa nees méi grouss ginn.