Den António José Seguro iwwerhëlt domat d’Nofolleg vum aktuelle, konservative President Marcelo Rebelo de Sousa. Deen dierft no zwou Amtszäiten net méi untrieden.
De Walgewënner Seguro huet den iwwer 10 Milliounen Awunner versprach, hie wéilt fir si schaffen. A senger Ried sot hien, d’Gewënner vun dëse Wale wieren d’Portugisen an d’Demokratie.
Rietspopulistesch Chega-Partei gesäit Nidderlag trotzdeem als Victoire
De Kandidat vun der rietspopulistescher Chega-Partei, den André Ventura, huet seng Nidderlag agestanen a sengem Géigner gratuléiert. De Ventura ass op 33,2 Prozent vun de Stëmme komm. Dëst gesäit hien als eng kloer Victoire fir seng nach relativ jonk Partei.
De rietspopulistesche Ventura hat am Walkampf versprach, hie wéilt géint déi héich Migratioun am Land virgoen. Datt hien een Drëttel vun de Stëmme krut, gëllt ass Zeeche fir de séieren Opstig vu senger Partei. Leschte Mee gouf d’Partei zweetstäerkste Kraaft am Parlament. Dat nëmme sechs Joer no hirer Grënnung.
Neie President Dialog-orientéiert a kloer proeuropäesch
Den zukünftege President António José Seguro war laang Deputéiert, Minister an och Generalsekretär vun der sozialistescher Partei. Hie gëllt als Dialog-orientéiert a kloer proeuropäesch. Säi Verspriechen ass et wirtschaftlech Verantwortung a sozial Gerechtegkeet an Aklang ze bréngen.
D’Amt vum President ass a Portugal net just reng representativ, mee ass och mat vill Muecht verbonnen. Hie ka bei Gesetzer säi Veeto aleeën, d’Parlament opléisen an Neiwalen ausruffen.
De portugisesche Premier Luís Montenegro huet dem neie President och scho gratuléiert an huet sech zouversiichtlech gewisen, datt ee gutt zesummeschaffe wäert. Déi aktuell Regierung huet keng Majoritéit am Parlament. Domat wäert de Seguro als President weiderhin eng wichteg Roll am Parlament spillen.
Bei de Portugisen zu Lëtzebuerg huet de Ventura besser ofgeschnidden
D’Portugisen hei a Lëtzebuerg hu majoritär fir de rietspopulisteschen André Ventura gestëmmt. Dat schreift déi portugiseschsproocheg Zeitung Contacto mat Verweis op Zuele vum portugiseschen Inneministère.
Knapp 5.000, vun den am Ganzen 41.600 Walberechtegte Portugisen zu Lëtzebuerg, hu gewielt. Dovun hunn 52,3 Prozent de Chef vun der Chega-Partei gewielt. De Sozialist a Walgewënner António José Seguro krut vun de Wieler:innen zu Lëtzebuerg 47,7 Prozent vun de Stëmmen.