Parlamentswal a Slowenien: Proeuropäesche Kandidat Golob läit aktuell liicht vir
Am EU- a NATO-Memberstaat Slowenien sinn haut um Sonndeg Parlamentswalen. D'Fro ass heibäi, ob ee sech u Länner wéi der Slowakei an Ungarn orientéiert an an Zukunft rietspopulistesch geféiert wäert ginn, oder ob de lénksliberalen a proeuropäeschen aktuelle Premier Robert Golob erëmgewielt gëtt.
De sloweenesche Premierminister Robert Golob (Foto: EPA/ANTONIO BAT)
Sondagen ,op déi sech déi franséisch Presseagence AFP berifft, no géif den aktuelle Premierminister Robert Golob knapp virleien.
Dee regéiert zënter 2022 zesumme mat de Sozial-Demokraten an de Lénken an enger proeuropäesch gefouerter Regierung.
Wann den Oppositiounsleader Janez Jansa d’Parlamentswalen awer nach géif gewannen, da géif Slowenien déi mëttel-europäesch Achs vu riets-populistesch regéierte Staate verstäerken, déi duerch EU-Skepsis opfalen.