arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lénksliberal Partei D66 huet d’Parlamentswale gewonn

Holland

|
headphones

1 min

Lénksliberal Partei D66 huet d’Parlamentswale gewonn

D'Partei D66 ass de Gewënner vun de Parlamentswalen an Holland. D’Noriichtenagence ANP huet dat virleefegt Resultat bekannt ginn, nodeem bal all Stëmmen ausgezielt sinn.

headphones

1 min

De Rob Jetten (D66) den 30. Oktober 2025 | © EPA / KOEN VAN WEEL
De Rob Jetten (D66) den 30. Oktober 2025 (Foto: EPA / KOEN VAN WEEL)

Nodeem ronn 99 Prozent vun de Stëmmen ausgezielt sinn, huet d’Partei D66 ee Virsprong vu ronn 15.000 Stëmmen.

Déi beschte Chancë fir neie Regierungschef ze ginn, huet elo de Spëtzekandidat vun D66, de Rob Jetten. Hien huet 38 Joer. Traditionell däerf déi Partei mat deene meeschte Stëmmen als éischt probéieren eng Koalitioun ze forméieren. 

All déi grouss Parteien haten eng Zesummenaarbechts mam Rietspopulist Geert Wilders ausgeschloss. De Wilders huet deemno keng Optioun op Regierungsverantwortung.

An Holland war ee Mëttwoch een neit Parlament gewielt ginn.