arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Péter Magyar als “Schlohummer géint den Orbán-Regimm”

Walen an Ungarn

|
reading time

7 min

headphones

6 min

play_arrow

De Péter Magyar als “Schlohummer géint den Orbán-Regimm”

Onbeléift ze sinn, schued dem Péter Magyar net: D’Wielerschaft vum ungareschen Oppositiouns-Leader wënscht sech virun allem ee Politiker, deen dofir suergt, datt no 16 Joer Schluss ass mam Premier Viktor Orbán.

reading time

7 min

headphones

6 min

play_arrow
Péter Magyar | © EPA/BOGLARKA BODNAR HUNGARY OUT
Péter Magyar (Foto: EPA/BOGLARKA BODNAR HUNGARY OUT)

Déi ungaresch Situatioun an dësem Walkampf ass speziell. Den Nach-Premier Viktor Orbán a seng Regierungspartei Fidesz ginn esou wuel vun US-amerikanescher wéi vu russescher Säit ënnerstëtzt. 

Wéi vill dat hëlleft, oder vläicht esou guer schued, ass dobäi onkloer. 

Meenungsfuerscher ginn dovun aus, datt béides ënner dem Stréch kee groussen Effekt op d’Resultat wäert hunn.

Support vun Trump an JD Vance ouni groussen Afloss?

“Den Donald Trump an den JD Vance schneide ginn an eisen Ëmfroen net gutt bewäert”, erkläert den András Pulai vum onofhängege Meenunsforschungsinstitut "Publikus", an engem Café zu Budapest.

“Ech denken net, datt hir Ënnerstëtzung ee positiven Effekt op d’Wieler huet. De Leit gefält hir Approche net, mol net de Fidesz-Wieler.”

Dobäi kéint de Viktor Orbán esou eng Last-Minute-Ënnerstëtzung nach gutt gebrauchen.

András Kadár vum ungareschen Helsinki-Committee | © Danièle Weber
András Kadár vum ungareschen Helsinki-Committee (Foto: Danièle Weber)

Orban-Regime huet Rëss

Déi lescht Skandaler schéngen éischter dem Erausfuerderer Péter Magyar ze hëllefen.

Viru Kuerzem hu Medien duerch Opnamen nogewisen, datt den ungareschen Ausseminister Peter Szijjártó dem Sergei Lawrow direkt de Rapport iwwer d’Diskussioun ronderëm russesch EU-Sanktioune gemaach an dobäi och Instruktioune vu sengem russeschen Homolog entgéint geholl huet. 

Ëmmer méi Leit géife sech iwwerdeems trauen, ëffentlech géint den Orbán-Regime auszesoen, seet den András Kadár. Hien ass Affekot a Co-President vum ungareschen Helsinki-Comité, dee sech ëm Mënscherechtsfroe bekëmmert. 

"Een Zeeche fir d’Rëss am System ass et, datt ëmmer méi Leit prett sinn, entweder Informatiounen ze leaken oder awer auszesoen, wouduerch si extrem perséinlech Risiken aginn."

Revelatioune ronderëm Kontaminatiounen an enger Batterie-Fabrik, Fäll vu sexuellem Mëssbrauch vu Kanner a staatlechen Ariichtungen, oder awer déi rezent Aussoe vun engem Polizist, déi drop hindeiten, datt den ungaresche Geheimdéngscht hanner enger Razzia bei der Oppositiounspartei "Tisza" stécht, si Beispiller dofir.

Manner Akzeptanz fir Korruptioun an ekonomesch onsécheren Zäiten

D’Ambiance an Ungarn huet sech geännert, stellt den András Kadár fest.

D’Korruptioun gëtt manner ewéi fréier akzeptéiert. De Kampf dogéint steet ganz uewen op der Agenda vum Oppositiounsleader Péter Magyar. 

An et ass virun allem dat, wat seng Wielerschaft zesummen hält, esou den Andras Kadar.

“D’Tisza Wieler si ganz ënnerschiddlech. Ma deen ee Punkt an deem si sech eens sinn, ass datt den Ausmooss vun der Korruptioun net ze erdroen ass. Wéi de Premier Minister a seng enk Frënn a Famill sech ëmmer méi beräichert hunn, wärend d’Land ekonomesch Problemer huet.”

De Péter Magyar ass net beléift, an eng politesch Virwëltstuut

De rauen, heiansdo onfrëndleche Stil vum éischter on-charismatesche Péter Magyar géif de Nerv treffen, erkläert de Meenungsfuerscher András Pulai.

"Wann een d’Ungare freet, wat si vum Péter Magyar halen, soen 80 Prozent, datt si hien net gären hunn. Ma dat ass och net dat, wat si den Ament sichen. Si wëlle kee feinen Typ, mee een, deen effikass ass."

Dofir gëlt et och als Plus-Punkt, datt den Oppositiounsleader selwer aus Fidesz-Kreesser kënnt.

Doduerch wéisst hien de Géigner mat deenen nämmlechte Waffen ze schloen, esou d’Erwaardung. Normalerweis géif ee Politiker fir säin Elektorat kämpfen, hei wier et ëmgedréint, seet den András Pulai.

"D’Wieler wëllen, datt hien Oppositiounsleader bleift. Well esou laang hien op deem Posten ass, kann hien de Schlohummer sinn, dee gebraucht gëtt, fir d’Regierung ze zerschloen."

Eng ganz Partie Froe léisst de Péter Magyar iwwerdeems op an deem Walkampf.

Wärend hien déi Russland-frëndlech Haltung vun der Fidesz-Regierung kritiséiert, ass zum Beispill onkloer, wéi hien zur Ukrain steet. Oder awer zu soss ëmstriddene Sujeten, wéi de Rechter fir d’LGBTQIA+-Communautéit, déi vum Orban-Regime massiv beschnidde goufen.

De Peter Magyar géif sech dozou guer net äusseren an dat wier ee Problem, seet den Tamás Dombos vun der NGO “Hatter”.

“Mir wëssen net wéi seng Politik wäert ausgesinn. Ob hien déi restriktiv Gesetzer réckgängeg mécht, méi progressiver proposéiert? Si soen näischt doriwwer. Souguer wa Journalisten insistéieren, dann evitéieren si de Sujet, d’Tisza ass an där Hisiicht eng black box.”

Tamás Dombos vun der ONG « Hatter » | © Danièle Weber
Tamás Dombos vun der ONG « Hatter » (Foto: Danièle Weber)

"Demokratesch Koalitioun" ass weider am Rennen 

Déi meescht Oppositiounsparteien hunn sech iwwerdeems zu Gonschte vum Péter Magyar senger Tisza zeréckgezunn a keng Kandidaten opgestallt.

Net esou déi Demokratesch Koalitioun , déi um europäeschen Niveau zu de Sozialiste gehéiert.

Steet si doduerch engem Wiessel am Wee?

Nee, seet de Sándor Rónai, dee fir d’DK kandidéiert. D’Astellung vum a sengen Ae kloer riets-konservative Péter Magyar géing dozou féieren, datt eng 500.000 Leit net wiele ginn. Déi géif seng Partei uviséieren.

“Vill ungaresch Wieler op der Gauche si net prett d’Tisza ze ënnerstëtzen. Si wësse, wou de Péter Magyar hier kënnt, si ënnerstëtzen seng Iddien net. Wann et keng liberal oder lénks Partei gëtt, da bleiwen si doheem.”

Méiglech Koalitioun tëschent Fidesz a rietsextremer Mi Hazank

Den Ëmfroen no awer packt d’DK déi fënnef-Prozent Hürd net a wäert deemno net an d’Parlament zéien. Et wier deemno fir d’éischte Kéier an der Geschicht datt d’Gauche net méi do representéiert, esou den András Pulai.

Am nächste Parlament wier den aktuellen Emfroe no, nieft der Fidesz an der Tisza just nach déi rietsextrem “Mi Hazank” vertrueden.

Eng Koalitioun tëschent Mi Hazánk a Fidesz kéint eng Méiglechkeet fir de Viktor Orban sinn, op sengem Posten ze bleiwen.

Komplizéierte Walsystem mécht Prognose schwéier

Kënnt d’Tisza net op eng Zwee-Drëttel Majoritéit, wäert et schwéier ginn, dat réckgängeg ze maachen, wat den Orbán opgebaut huet, seet iwwerdeems de gréngen Europadeputéierten Daniel Freund. 

"D’Fro ass, wéi vill Tisza maache kann, well vill vum Orbán-System gouf an d’Verfassung ageschriwwen, a fir dat ze änneren, brauch een eng Zwee-Drëttel-Majoritéit."

An den Ëmfroe läit de Viktor Orbán hannen. Ma déi sinn, erkläert de Meenungsfuerscher András Pulai, mat Virsiicht ze genéissen. 

Dat läit um Walsystem. 93 Sëtz ginn iwwer Stëmme fir d’Parteie verdeelt, 106 awer duerch Direkt-Mandater a Walkreesser.

"An do ass et besonnesch schwéier Viraussoen ze maachen, wëll déi wéinst dem Walsystem méi Gewiicht hunn, ass et dat schwéier ze moossen."

Nach huet also de Péter Magyar net gewonn. Dee nächste Sonndeg gëtt an Ungarn gewielt. Den Ausgank ass weider ongewëss.

play_arrow Lauschteren