arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ursula von der Leyen: “volle Support vun der EU” fir Grönland

Zypern – EU-Presidence

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Ursula von der Leyen: “volle Support vun der EU” fir Grönland

D’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun huet Grönland op en Neits déi voll Ënnerstëtzung vun der Europäescher Unioun zougesot: politesch, ekonomesch a finanziell.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
D'Ursula von der Leyen op Zypern | © EPA/GEORGE CHRISTOPHOROU
D'Ursula von der Leyen op Zypern (Foto: EPA/GEORGE CHRISTOPHOROU)

Dat sot d’Ursula von der Leyen am spéiden Nomëtteg zu Limassol op Zypern. D’Cheffin vun der Europäescher Kommissioun ass zesumme mat den EU-Kommissären op der Insel zu Besuch: dat fir den Optakt vun der EU-Presidence. Zypern huet déi Roll den 1. Januar iwwerholl.

Nei EU-Sécherheetsstrategie

D’Europäesch Unioun hätt iwwerdeems ugefaangen un enger neier Sécherheets-Strategie ze schaffen, esou d’Annonce vun der däitscher CDU-Politikerin.

Vill konnt d’CDU-Politikerin nach net dozou soen. D'Zil wier et, Wëssen iwwer déi geopolitesch Erausfuerderungen a Changementer ze sammelen, fir dorop adäquat ze äntwerten, esou d'Presidentin vun der EU-Kommissioun.

EU-Presidence dat éischt Semester 2026

D’Republik Zypern, wëllt sech wärend de nächste sechs Méint fir eng méi autonom EU asetzen - och am eegenen Interêt, d’Land ass net Member vun der NATO. D’Tierkei, déi den Norde vun der Insel besat huet, verhënnert dat, well et d’EU-Land bis elo net unerkennt.

Grönland an Iran

D’Situatioun op Grönland geet Zypern besonnesch no, nodeem e puer EU-Staaten annoncéiert hunn, Truppen op d’Insel ze schécken, huet d’Kommissiounspresidentin um Donneschdeg zu Limassol de Support fir d’Insel Grönland op en Neits betount. 

Wat den Iran ugeet war et d’Confirmatioun, datt d’EU aktiv u weidere Sanktioune géif schaffen. 

Zypern wëll iwwerdeems d’EU-Presidence och an eegener Saach notzen. D’Land wëllt Member vun der  Schengen-Zon ginn. Et wier ee viru komm am Prozess, esou den zypriotesche President. Hie géif sech erwaarden, datt een dëst Joer grouss Progrèse maache wäert - esou den Nikos Christodoulides.

play_arrow Lauschteren