Italien, Dänemark a Norwegen hate jo gefuerdert, datt Spuenien temporär aus dem Schengenraum misst ausgeschloss ginn. Dëst nom massiven Ustuerm vu ronn 60.000 Migranten aus Marokko an déi spuenesch Nordafrika-Exklave Ceuta.
Op d'mannst 67 Mënsche solle bis ewell hiert Liewe verluer hu, wéi se versicht hunn, op Ceuta an domat op spueneschen Territoire ze kommen. Déi meescht Leit waren an déi spuenesch Nordafrika-Exklave geschwommen.
"Integritéit vu Schengenraum garantéiert"
De spueneschen Ausseminister José Manuel Albares huet betount, datt d'Integritéit vum Schengenraum absolut garantéiert wier - kee Migrant hätt dat europäescht Festland erreecht.
De Gros vun de Migranten hätt Ceuta aus engem Mangel u Perspektiven an Tëschenzäit fräiwelleg erëm verlooss. Dem spueneschen Innenminister Fernando Grande-Marlaska no hätt sech d'Situatioun entretemps nees quasi normaliséiert.