arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Japanesch Regierungspartei LDP feiert historesch Victoire bei de Parlamentswalen

Asien

|
headphones

1 min

Japanesch Regierungspartei LDP feiert historesch Victoire bei de Parlamentswalen

Déi japanesch LDP ënner der nationalkonservativer Premierministesch Sanae Takaichi huet sech bei de d'Parlamentswale mat enger historescher Victoire duerchgesat. Hir liberaldemokratesch Partei krut iwwer zwee Drëttel vun de Stëmmen, esou vill wéi nach keng Partei zënter dem Zweete Weltkrich.

headphones

1 min

© EPA/JIJI PRESS JAPAN
(Foto: EPA/JIJI PRESS JAPAN)

Déi rietsgeriichte Partei kritt domat eng staark Muechtpositioun am Land. Verfaassungsännerungen a Gesetzer kënnen elo ouni den Accord vum Uewerhaus duerchgesat ginn.

Déi nei Regierungscheffin hat sech fir eng méi staark Militariséierung ausgeschwat a wëllt dowéinst och de sougenannte Pazifismusartikel ofänneren. Japan hat sech an deem fir all Zäiten engagéiert op Krich ze verzichten. Si wéilt déi zolidd Unioun mat den USA och mam Donald Trump weiderféieren, an hir Unioun weider stäerken, dat sot déi japanesch Premierministesch Sanae Takaichi.