arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Guinea-Bissau: Gewaltvollen Muechtwiessel deit sech un

No de Walen

|
headphones

1 min

Guinea-Bissau: Gewaltvollen Muechtwiessel deit sech un

Am westafrikanesche Guinea-Bissau spëtzt sech d‘Lag zou. E puer Deeg no iwwerfällege Presidentschafts- a Parlamentswalen dreet ee gewaltvolle Muechtwiessel. Arméivertrieder hätten ugekënnegt, dat ganzt Land ënner hir Kontroll ze bréngen an d‘Grenzen zouzemaachen.

headphones

1 min

© picture alliance / Russian Look | Maksim Konstantinov
(Foto: picture alliance / Russian Look | Maksim Konstantinov)

De President vu Guinea-Bissau, Umaro Embalo, wier eegenen Aussoen no a sengem Palais festgeholl ginn. Hie gehäit dem Arméichef an engem Interview ee Putschversuch vir.

Mediemeldungen no wieren an der Haaptstad Bissau zäitweis Schëss ze héiere gewiescht. D‘Hannergrënn si gréisstendeels onkloer. D‘Evenementer kommen no engem ëmstriddene Vott. No deem hu sech souwuel de President, ewéi säi gréisste Konkurrent, als Gewënner deklaréiert. D‘Resultat vum Vott sollt bis muer publizéiert ginn. 

Guinea-Bissau gëlt als eent vun den äermste Länner op der Welt.