Hie war am Oktober festgeholl ginn, wéinst dem Verdacht de fréiere Regierungsmember Issa Tchiroma a sengem Walkampf ënnerstëtzt ze hunn. Deen hat sech vum aktuelle President Paul Biya lassgesot an d'Regierung verlooss. Den Tchiroma hat sech onofhängeg vun de Resultater vun de Presidentschaftswalen am Oktober dëst Joer als Gewënner deklaréiert an d‘Bevëlkerung dozou opgeruff, op d‘Strooss ze goen.
Dem Ekane säi Gesondheetszoustand huet sech am Prisong ëmmer méi verschlechtert. Ufroen, fir an eng Clinique verluecht ze ginn, sinn net accordéiert ginn.