arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden um EU-Afrika-Sommet dobäi

Angola

|
headphones

1 min

Luc Frieden um EU-Afrika-Sommet dobäi

Am südwestafrikanesche Land Angola ass haut um Méindeg den Optakt vum EU-Afrika-Sommet. Fir déi 25. Editioun vun dësem Sommet gëtt iwwer déi nächst zwee Deeg an der Haaptstad Luanda iwwer eng weider Verdéiwung vun der Partnerschaft tëschent der EU an Afrika diskutéiert.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Eva Krafczyk
(Foto: picture alliance/dpa | Eva Krafczyk)

De Luc Frieden wäert och um EU-Afrika-Sommet mat dobäi sinn. Dat huet de Premier de leschte Freideg, um Briefing nom Regierungsrot, ugekënnegt.

Iwwerdeems huet den EU Conseil President Antonio Costa um Bord vun där Reunioun en EU-Sommet aberuff fir iwwert de Friddensplang fir d‘Ukrain ze diskutéieren.