Et géif kee richtege Fortschrëtt ginn am Kampf géint Feminiciden - also de Fäll vun déidlecher Gewalt, wou Frae wéinst hirem Geschlecht ëmbruecht ginn - esou d‘UNO.
Ongeféier all 10 Minutte géif weltwäit eng Fra oder e Meedchen Affer vun déidlecher Gewalt an enger Bezéiung oder an der Famill ginn.
Besonnesch heefeg wiere Feminiciden an afrikanesche Länner, an duerno a Süd- an Nordamerika.
Och an Europa gëtt awer nach ëmmer vill Fäll, esou d‘UNO.