arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Siwe Länner komme fir Nordseesommet zesummen - Dorënner och Lëtzebuerg

zu Hamburg

|
headphones

1 min

Siwe Länner komme fir Nordseesommet zesummen - Dorënner och Lëtzebuerg

Siwen europäesch Staats- a Regierungscheffe sollen nächste Méindeg zu Hamburg zesummekomme fir een Energie-Sommet, op deen den däitsche Kanzler Friedrich Merz invitéiert huet.

headphones

1 min

Wandrieder an Ostfriesland | © picture alliance / Jürgen Schwarz
Wandrieder an Ostfriesland (Foto: picture alliance / Jürgen Schwarz)

Deemno sollen ënnert anerem de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden, de belsche Premier Bart de Wever an déi dänesch Regierungscheffin Mette Frederiksen zougesot hunn.

Grenziwwerschreidenden Ausbau vun der Wandenergie ass en Zil

Erwaart ginn och d‘Energieministere vun den invitéierte Länner, wéi och Vertrieder vun der EU a vun der NATO. Am Mëttelpunkt vun dësem Treffe soll den Ausbau vun der Kollaboratioun a Saachen Energie stoen. Zil wier ënnert anerem e grenziwwerschreidenden Ausbau vun der Wandenergie. 

Dem Friedrich Merz no soll d‘Nordsee "de weltwäit gréisste Reservoir fir eng propper Energie" ginn.