arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Copernicus mellt Schwiefel-Dioxid-Emissiounen an Europa

No Vulkanausbroch

|
reading time

1 min

Copernicus mellt Schwiefel-Dioxid-Emissiounen an Europa

Schwiefel-Dioxid-Emissiounen nom Vulkan-Ausbroch Mëtt leschter Woch an Island wieren an Europa ukomm. Dat mellt den europäesche Klima-Observatoire Copernicus.

reading time

1 min

D‘Emissioune wieren iwwer den Nord-Atlantik komm an hätten de Weekend den Nordweste vun Europa erreecht, heescht et. An den nächsten Deeg solle se weider ëstlech zéien. Se solle viraussiichtlech awer kee gréisseren Impakt op d‘Loftqualitéit an d‘Gesondheet hunn. D‘Previsiounen an déi gemoosse Schwiefel-Dioxid Konzentratioune géifen nämlech ënnert deem an der EU virgeschriwwene Seuil leien, esou nach Copernicus.