search

/ Christian Schleck: "650 nei Rekrute gëtt sportlech"

Arméisgewerkschaft

|
headphones

1 min

headphones

11 min

play_arrow

Christian Schleck: "650 nei Rekrute gëtt sportlech"

D’Arméisgewerkschaft SPAL weist sech skeptesch vis à vis vun deene 650 neie Rekruttinnen a Rekrutten, déi d’Arméi bis 2030 misst rekrutéieren. Och wa vill Campagnë géife gemaach ginn, géif dat net onbedéngt duergoe fir déi néideg Zuel un neie Leit unzezéien, seet de President vum SPAL.

headphones

1 min

headphones

11 min

play_arrow
Christian Schleck, President vun der Arméisgewerkschaft | © Michelle Barthel
Christian Schleck, President vun der Arméisgewerkschaft (Foto: Michelle Barthel)

Fir méi Leit ze rekrutéiere misst de Statut an domat och d'Paie vun de Volontairë bei der Arméi verbessert ginn.

Eng Opwäertung vum Statut fir déi fräiwëlleg Zaldotinnen an Zaldote géif op där enger Säit der Arméi méi Stabilitéit (zum Beispill an der Planifikatioun) garantéieren an op där anerer Säit den Zaldotinnen a Zaldoten eng besser Karriärsperspektiv bidden.

Qualitéit iwwer Quantitéit

Den Arméischef Steve Thull hat d’Zuel vun de 650 néidegen neie Rekrutementer genannt. Ob déi Zuel géif duergoen, kéint de Christian Schleck net soen, mee déi Zuel wier awer impressionant.

“Mir sinn éischter skeptesch, datt mir op dee Chiffer kommen an där Zäitspann, wou mir se brauchen. Also et däerf dann awer och näischt schifgoen, fir op déi Zuel ze kommen. A virun allem am belsch-lëtzebuergesche Batailloun, do hu mir jo awer trotzdeem 2030er an Aussiicht, wou mir déi Leit missten hunn. An dat gëtt an eisen Ae ganz sportlech.”

 Grad fir de belsch-lëtzebuergesche Batailloun bräicht ee Qualitéit an net nëmme Quantitéit, esou nach de Christian Schleck.

play_arrow Lauschteren