Presidéiert gouf déi vun der Ministesch fir Digitalisatioun Stéfanie Obertin. Den Direkter vum CTIE, de Patrick Houtsch, huet nom Treffe vun der Krisenzell gesot, datt een esou Cyberattacken net verhënnere kéint.
“Wat mir maachen, mir observéieren déi Saachen. Mir kënnen d'Sourcë vun der Attack blockéieren, allerdéngs kënnen d'Sourcë sech da rëm upassen, sou datt dat e bëssen e Kaz a Maus Spill ass, an dat leeft dann halt esou laang, wéi deen Attacke wëllt weidermaachen."
Den CTIE géif dann dogéint steieren, andeem een d'Sitten ëmmer erëm accessibel mécht. Vill méi kéinte se awer net maachen.
Et geet den Hacker ëm Visibilitéit
D’Monique Putz, Pressespriecherin vum Haut-Commissariat à la Protection national (HCNP), erkläert, datt et bei esou Hackerugrëff haaptsächlech ëm Visibilitéit géif goen.
“Et geet, wéi gesot deenen Attackeuren, deenen Täter, geet et jo eigentlech drëm, fir zousätzlech Visibilitéit ze kréien, an déi wëlle mir hinnen eben och net ginn. Also, et ass scho wichteg, fir elo do net ze vill dat opzespillen, fir hinnen eben net genau déi Satisfaktioun ze ginn."
D’Ministerin Stéfanie Obertin wollt sech gëschter Owend net méi dozou äusseren.
Luc Frieden zefridde mat der der Cellule de crise
Et wier ee relativ gutt opgestallt fir esou Saachen ofzewieren. Dat sot de Premier Luc Frieden gëschter Owend um Bord vum EU-Sommet iwwer d'Cyberattack. Hie wier zefridden domat, wéi d’Cellule de crise vun der HCPN mat der Situatioun ëmgaangen ass.
"Dofir huet notamment den HCPN eng wichteg Roll zu Lëtzebuerg, fir dann ze koordinéieren, tëschent den eenzele Ministèren, an ech si wéi gesot ganz zefridden, wéi dat haut am Laf vum Dag geschitt ass, an och datt déi eenzel Ministèren an déi eenzel Verwaltungen an och de CTIE, extreem gutt matenee geschafft hunn.“
Lëtzebuerg huet ee Scrubbing Center, dee soll genee esou DDOS-Attacken ofwieren. Mee och d’Hacker géifen hir Method ëmmer weiderentwéckelen, esou nach de Luc Frieden.