Radioen

On air

Tockcity  |  Faux Real - Full Circle

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CNFP: Trotz Wirtschaftswuesstum sollen exzessiv Depensë vermidde ginn

Conseil national des finances publiques

CNFP: Trotz Wirtschaftswuesstum sollen exzessiv Depensë vermidde ginn

Lëtzebuerg muss sech finanziell méi Spillraum gi fir op Erausfuerderungen an zukünfteg Krise reagéieren ze kënnen. Dat ass ee vun de Constate vum Conseil National des Finances publiques, kuerz CNFP bei der Presentatioun vun hirem Avis zu den ëffentleche Finanzen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

Zwar géif de PIB, de Produit interieur brut, an Zukunft nees wuessen. esou d'Prognosen, mee den CNFP warnt och virun exzessiven Depensen.

De Conseil National des Finances publiques baséiert all seng Prognosen op de Previsioune vum Statec.

No engem Réckgang vum PIB vu ronn 1 Prozent zejoert gëtt fir dëst an d’nächst Joer nees mat engem ekonomeschem Wuesstem gerechent. Fir dëst Joer geet de Statec vun 1,5 Prozent aus, fir d’nächst Joer vun 2,7 Prozent. De Chômage soll bis 2026 op 6 Prozent zeréckgoen.

Previsioune vum Staat ze optimistesch

D’Inflatioun soll dëst Joer viraussiichtlech weider ofhuelen, éier si d’nächst Joer, wann den d’Energiepräisdeckel ewechfält, erëm kuerzfristeg klamme kéint.

Alles an allem hätt de Staat d’Previsiounen no ënnen ugepasst, dem CNFP no wieren si awer nach ëmmer ze vill optimistesch. De President Romain Bausch huet hei d’Ofhängegkeeten op geopoliteschem Niveau betount.

"Ech mengen, sou Wierder wéi Douanes-Taxen an esou Geschichten, dat wäert op e Land wéi Lëtzebuerg net neutral eriwwer goen. An och d’Tatsaach datt een an all eisen dräi Nopeschlänner an der Politik relativ Instabilitéit huet."

CNFP warnt virun exzessiven Depensen

Dem Romain Bausch no ass et besonnesch markant, datt d’sécurité sociale den aktuelle Previsiounen no 2028 fir eng éischte Kéier defizitär wäert sinn. Dat mat engem Minus vu 15 Milliounen Euro.

"D’Sécurité sociale hat ëmmer positiv zum Solde vun den administrations publiques bäigedroen. Soe mir graff eng Milliard oder sou, dorëmmer huet et variéiert. An do gesitt dir: Ab 2024 geet dat erof an 2028 si mir ënnert dem Nullstréch."

De CNFP warnt deemno virun exzessiven Depensen, well an der Period bis 2028 d’Erhéijung vun den Ausgaben historesch ënner dem Wuesstem vun de Recettë leie kéint. Lëtzebuerg misst op laang Siicht den Erausfuerderunge wéi d’Energietransitioun an d’Altere vun der Populatioun gerecht ginn, sou nach de CNFP um Dënschdegmoie virun der Press.

Lauschterenplay_arrow