Radioen

On air

Resonanzen  |  Franz Schubert - Sinfonie Nr.7 a Mi Majeur, D 729, III. Scherzo a Trio - Münchner Symphoniker, Kevin John Edusei (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CMCM huet neie Verwaltungsrot gewielt

Mat Gilbert Goergen an ouni André Heinen

CMCM huet neie Verwaltungsrot gewielt

De Richtungssträit an der CMCM huet gëschter zu Munneref e kloert Enn fonnt: Op der uerdentlecher an ausseruerdentlecher Generalversammlung gouf den André Heinen, deen am Februar als President vum Verwaltungsrot ofgesat gi war, net méi an de Conseil d’administration gewielt.

auto_stories

1 min

CMCM | © D-Company

Elo ass de Wee fräi fir d’Ekipp ronderëm säi kuerzzäitege Successeur Gilbert Goergen. Als Beschtgewielte goung iwwregens de Rol Girres eraus, deen als Sänger bekannt ass. Den André Heinen koum dogéint just op déi 17. a leschte Plaz.

Iwwerdeems huet de Gilbert Goergen als Séchstgewielte seng Bereetschaft erkläert, fir d’Presidence vun der Caissemédico-complémentaire mutualiste ze iwwerhuelen.