Radioen

On air

Kultur um 5  |  Sharon Jones & The Dap-Kings - How Do I Let A Good Man Down

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz Sondagen: Brittesch Tories ginn d‘Hoffnung net op

Walen a Groussbritannien

Trotz Sondagen: Brittesch Tories ginn d‘Hoffnung net op

A Groussbritannie sinn en Donneschde Parlamentswalen. D‘Sondage soe scho laang, a nach ëmmer, eng däitlech Victoire fir d‘Oppositiounspartei Labour viraus. D'Tories schéngen awer d'Hoffnung net opginn ze hunn.

auto_stories

1 min

D'Labour Partei géif am Fall vun enger Victoire déi konservativ Tories, no 14 Joer un der Muecht, ofléisen. De Premier Rishi Sunak huet d‘Hoffnung awer nach net ganz opginn.

Um soziale Reseau X huet hie gëscht geschriwwen „It ain‘t over till it‘s over“ – an dozou eng Foto gepost vum Moment, wou déi englesch Futtball Nationalequipe an der allerleschter Minutt awer nach e Gol géint d‘Slowakei geschoss hat, an esou eng Eliminatioun bei der Futtball Europameeschterschaft konnt verhënneren.