Radioen

On air

Sot Emol  |  Ingrid Schwarz: Modernt Jodelen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg a Südkorea verdéiwen hir Relatiounen

Neien Accord tëscht béide Länner

Lëtzebuerg a Südkorea verdéiwen hir Relatiounen

Den Ausseminister Xavier Bettel an d‘Ministerin fir Digitalisatioun an Enseignement supérieur, d'Stéphanie Obertin, hu bei hirer Visitt a Südkorea en Accord ënnerschriwwe fir e sougenannte Programme vacances-travail tëscht Lëtzebuerg a Südkorea op d'Been ze stellen.

auto_stories

1 min

De Xavier Bettel mam südkoreaneschen Ausseminister Tae-yul Cho | © MAE
De Xavier Bettel mam südkoreaneschen Ausseminister Tae-yul Cho. (Foto: MAE)

Mat dësem Accord kënne Jonker aus béide Länner um lokalen Aarbechtsmaart fir eng limitéiert Zäit schaffen, fir hir Vakanz an deem Land ze finanzéieren. 

Donieft hate béid Ministeren och eng Entrevue mat der südkoreanescher Weltraum-Agence, déi réischt dëst Joer gegrënnt ginn ass. Lëtzebuerg a Südkorea wéilten an Zukunft och an deem Domaine méi enk zesummeschaffen, heescht et am offizielle Communiqué.