Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischt Amtshandlung: Keir Starmer mécht Ruanda-Gesetz réckgängeg

Groussbritannien

Éischt Amtshandlung: Keir Starmer mécht Ruanda-Gesetz réckgängeg

Den neie brittesche Premier Keir Starmer huet ugekënnegt, dat ëmstriddent Ruanda-Gesetz réckgängeg ze maachen. Dat ass eng vu sengen éischten Amtshandlungen a senger neier Positioun. Déi irregulär Migratioun hätt fir déi nei Regierung héich Prioritéit, sot hie virun der Press an der Downing Street.

auto_stories

1 min

Keir Starmer | © picture alliance / Photoshot
Foto: picture alliance / Photoshot

D‘Pläng vu sengem Virgänger Rishi Sunak wieren dout. Dat ëmstriddent Ruanda-Gesetz hat virgesinn, Refugiéen, déi ouni déi néideg Dokumenter a Groussbritannien ukommen, an de Ruanda ze expulséieren.

Ausserdeemhuet de Keir Starmer seng Ënnerstëtzung fir d‘NATO an d‘Ukrainverséchert.