Radioen

On air

Notturno  |  Beirut - Hadsel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donald Trump gëtt haut zu Butler, Pennsylvania erwaart

Do wou hien am Juli ugeschoss gouf

Donald Trump gëtt haut zu Butler, Pennsylvania erwaart

Den Donald Trump gëtt haut zu Pennsylvania erwaart. De republikanesche Präsidentschaftskandidat huet ee Wal-Optrëtt zu Butler, also do wou Mëtt Juli op den Trump geschoss gouf an hie sech um Ouer verletzt hat. 

auto_stories

1 min

Eng Persoun war dobäi ëm d‘Liewe komm. Och den Attentäter Täter gouf no der Dot vun der Police erschoss. Den Optrëtt vum Trump zu Butler ass fir den Owend 11 Auer eiser Zäit geplangt.

Ënnerstëtzung kritt hien den Owend ënnert anerem vum Elon Musk, wéi den Tech-Milliardär op der Online-Plattform X annoncéiert huet.