Radioen

On air

Notturno  |  Beirut - Hadsel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéinst Aussoe vum Poopst: Belsche Premierminister bestellt Ambassadeur vum Vatikan bei sech

Ofdreiwungsgesetz

Wéinst Aussoe vum Poopst: Belsche Premierminister bestellt Ambassadeur vum Vatikan bei sech

An der Belsch bleift de Poopst François no senger Visitt vum leschte Weekend an der Kritik. De belsche Premierminister Alexander de Croo huet gëschter am Parlament dem Poopst seng Aussoen zum belschen Ofdreiwungsgesetz inacceptabel genannt.

auto_stories

1 min

Foto: European Union

De Poopst François hat dëst Gesetz e "mäerderescht Gesetz" genannt, an de fréiere Kinnek Baudoin säi Courage gelueft, well deen deemools, am Joer 1990, refuséiert hat, d'Gesetz ze ënnerschreiwen. 

De liberale flamännesche Premier sot och, hien hätt den Ambassadeur vum Vatikan bei sech bestallt, fir him seng Kritik ze iwwermëttelen.