Radioen

On air

Notturno  |  Lump - Animal

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel viséiert nees Ziler am Westjordanland - UNO-Weltsécherheetsrot stäipt Guterres de Réck

Noen Osten

Israel viséiert nees Ziler am Westjordanland - UNO-Weltsécherheetsrot stäipt Guterres de Réck

Och hënt huet Israel weider Attacken op Hisbollah-Positiounen zu Beirut am Libanon gemaach. Viséiert war wuel den Haschim Safi al-Din, deen als Nofollger vum Hassan Nasrallah gëllt, dem Hisbollah-Chef vu bis elo, deen Israel bei enger Loftattack de Weekend ëmbruecht huet.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Michael Kappeler
Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler

Déi éischte Kéier zanter Jore war Israel och erëm am Westjordanland aktiv an huet do Attacken op Membere vun der Terrororganisatioun Islameschen Dschihad gemaach. Op d'mannst 18 Leit sinn ëmkomm, mellen déi palästinensesch Autoritéiten.

All Membere vum UNO-Weltsécherheetsrot hu sech iwwerdeems gëschter Owend an enger Sitzung hanner den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres gestallt, dee vun Israel zur "Persona non grata“ deklaréiert gouf, well hien en Dënschdeg den Owend déi iranesch Attack op Israel net direkt condamnéiert hat.

De Guterres krut de Support vun de 5 permanente Memberen, China, Frankräich, Groussbritannien, den USA a Russland, an och vun den 10 net permanente Memberen.