Radioen

On air

Notturno  |  Beirut - Hadsel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kämpf tëscht Hisbollah an israeelescher Arméi am Südlibanon

Noen Osten

Kämpf tëscht Hisbollah an israeelescher Arméi am Südlibanon

De Moien huet Israel annoncéiert, datt weider Zaldoten an de Süde vum Libanon geschéckt ginn. D‘Hisbollah Miliz mellt, datt et do och éischt Kämpf mat israeeleschen Zaldote ginn hätt. De Moie wieren och israeelesch Zaldoten op zwee weidere Grenzpunkte fir eng kuerz Zäit an de Libanon erakomm.

auto_stories

1 min

Israel huet och dem Iran mat Konsequenze gedreet, nodeems den Iran den Dënschdeg Owend 180 Rakéiten op Israel geschoss huet. Déi meescht goufen interceptéiert, et gouf awer een Doudesaffer an zwee Blesséierter. Den Iran sot, d‘Attack wier eng Revanche gewiescht fir den Dout vun den Hisbollah an Hamas Cheffen, déi vun Israel ëmbruecht goufen.

Den UNO-Weltsécherheetsrot soll den Owend fir eng Drénglechkeetssëtzung zesummekommen.