Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Visitt an Däitschland: Ungareschen Ausseminister seet Entrevue kuerzfristeg of

Däitschland

Visitt an Däitschland: Ungareschen Ausseminister seet Entrevue kuerzfristeg of

Den ungareschen Ausseminister Péter Szijjártó huet een Treffe mat der däitscher Ausseministesch, dat fir e Méindeg geplangt war, kuerzfristeg ofgesot. Aus dem ungareschen Ausseministère heescht et, dëst hätt technesch a keng politesch Hannergrënn. 

auto_stories

1 min

Péter Szijjártó | © picture alliance / Russian Look | Maksim Konstantinov

Et wéilt een d‘Visitt zu Berlin zäitno nohuelen. Weider Detailer gouf et bis elo nach net aus dem ungareschen Ausseministère.

Den däitschen Ausseministère huet sech erstaunt iwwert dës kuerzfristeg Ofso gewisen. No der Visitt vum ungaresche Ministerpresident Viktor Orbán a Russland wier een eeschten an éierlechen Discours néideg.

De Viktor Orbán war onugekënnegt fir eng Visitt mam Wladimir Putin a Russland gereest an huet dës Visitt als eng Friddensmissioun am Kader vum Ukrain-Krich duergestallt. Representanten aus der EU haten dat schaarf kritiséiert.