Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waffestëllstand an der Gazasträif konkretiséiert sech

Noen Osten

Waffestëllstand an der Gazasträif konkretiséiert sech

Am Noen Oste schéngt Beweegung an d‘Friddensverhandlungen ze kommen, och wann nach ëmmer Divergenze bleiwen. Eng Wafferou an zwou Phase gëtt envisagéiert. 

auto_stories

1 min

Gazasträif | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi

No indirekte Verhandlungen tëschent de palästinensesche Gruppéierungen an Israel gëschter huet een héichrangege Member vun der Terrororganisatioun Hamas confirméiert, d‘Fuerderung falen ze loossen, no där sech Israel enger dauerhafter Wafferou an der Gazasträif verflicht. Deemno soll elo an enger éischter Phas ee limitéierte Waffestëllstand organiséiert ginn, wärend deem d‘Liwwere vun Hëllefsgidder an och de Réckzuch vun israeeleschen Autoritéiten erméiglecht soll ginn.

An enger zweeter Phas sollen da Gespréicher ufänken iwwer d‘Fräiloosse vun de Geiselen, heescht et nach vun engem Member vun der Hamas.

Trotz der neier Hoffnung ware queesch uechter Israel gëschter Owend erëm zegdausendenLeit op der Strooss. Hiren Appell un d‘Regierung vum Benjamin Netanjahu war et,derfir ze suergen, datt endlech – 9 Méint no der Hamasattack – en Accord iwwertd‘Fräiloossung vun de Geiselen an eng Wafferou zu stane kënnt.