Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lescht Sondagë weisen, datt den RN wäit vun enger absolutter Majoritéit fort ass

Frankräich wielt

Lescht Sondagë weisen, datt den RN wäit vun enger absolutter Majoritéit fort ass

Frankräich wielt: Um 8 Auer hunn d‘Walbüroen am Hexagon hir Dieren opgemaach. Gespaant gëtt observéiert, wei d‘Assemblée nationale vu muer un ausgesäit. D‘Fro ass déi, op dem President Emmanuel Macron säi Muechtpoker awer opgeet, oder op de rietsextreme Rassemblement Nationale d‘Muecht iwwerhëlt.

auto_stories

1 min

Rassemblement National | © picture alliance / NurPhoto | Artur Widak
Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak

Kuerz virun de Wale goufe leschte Sondagë publizéiert. Deemno huet de Rassemblement National d‘Nues weider kloer fir, e wier awer wäit ewech vun enger absolutter Majoritéit. Dës zwee Sondagë soen dem rietsnationalistesche Bündnis tëschent 170 an 210 Sëtz viraus. Déi absolut Majoritéit läit bei 289 Sëtz.

Den Nouveau Front Populaire kéim dëse Sondagen no op tëschent 145 an 175 Sëtz, an d‘Partei ëm de President Emmanuel Macron op tëschent 118 an 148.