Radioen

On air

Kultur am Gespréich  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hisbollah gräift Israel un - Nei Hoffnung fir eng Wafferou an der Gazasträif

Noen Osten

Hisbollah gräift Israel un - Nei Hoffnung fir eng Wafferou an der Gazasträif

No der déidlecher israeelescher Attack op ee Kommandant vun der Hisbollah am Libanon huet déi libanesesch Terrormiliz haut Israel ugegraff. D‘Hisbollah hätt iwwer 200 Rakéiten an explosiv Dronen op Israel geschoss, wéi si selwer matgedeelt huet.

auto_stories

1 min

Grenz Israel Libanon | © picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
D'Grenz tëschent Israel a Libanon. (Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich)

D‘Lag tëscht béide Länner ass tëschenzäitlech rëm eskaléiert. Israel huet sengersäits och rëm Ziler am Süde vum Libanon ugegraff, huet d‘Arméi gemellt.

Dofir gëtt et Hoffnung an engem anere Konflikt: Et ass nämlech rëm Beweegung an d‘Verhandlungen ëm eng Wafferou an en Austausch vu Geiselen a Prisonéier am Gazakrich komm. Déi israeelesch Regierung préift den Ament eng nei Propos vun der Hamas. Dofir wier haut eng israeelesch Delegatioun zu Kairo gewiescht.