Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méiglech Eskalatioun op der israeelesch-libaneesescher Grenz: D'Annalena Baerbock warnt virun de Suitten

Noen Osten

Méiglech Eskalatioun op der israeelesch-libaneesescher Grenz: D'Annalena Baerbock warnt virun de Suitten

Israel wëllt weider Zaldoten un d‘Grenz mam Libanon transferéieren. Do sinn d‘Kämpf tëscht Israel an der Hisbollah an de leschten Deeg eskaléiert. Virun de Suitte vun enger méiglecher Eskalatioun warnt ënner anerem déi däitsch Ausseministerin Baerbock.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka
Foto: picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka

Déi militant-islamistesch Miliz huet aus dem Süde vum Libanon verstäerkt Rakéiten op Israel geschoss. Israel huet Pläng fir eng méiglech Offensiv géint d‘Hisbollah virgestallt.

Déi däitsch Ausseministerin Annalena Baerbock sot virun hirer Noost-Rees de Moien, datt d‘Situatioun un der Grenz tëscht Israel an dem Libanon méi wéi alarmant wier. Eng weider Eskalatioun wier eng Katastroph fir d‘Mënschen an der ganzer Regioun.

Dofir wier et ëmsou méi wichteg, datt endlech eng Waffepaus an der Gazasträif kéim.

Déi däitsch Ausseministerin huet nach emol en Appell un d‘Hamas gemaach fir dem amerikanesche President Joe Biden säi Friddensplang ze akzeptéieren.