Radioen

On air

Nei Musek  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ USA maache weider Drock op Israel - Israeelesch Attack op syresch Fabrick?

Noen Osten

USA maache weider Drock op Israel - Israeelesch Attack op syresch Fabrick?

An der Gazasträif huet Israel gëschter an hënt weider Ziler ugegraff. Israeelesch Loftattacke goufen och nees aus der Stad Rafah am Süde vun der Gazasträif gemellt. Iwwerdeems soll Israel eng Fabrick an der Géigend vun Aleppo ugegraff hunn.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib

D‘USA géifen iwwerdeems weider Drock op Israel maachen, fir déi nei Propos fir eng Wafferou ze akzeptéieren, déi de President Joe Biden d‘lescht Woch virgestallt hat. Dat sot den nationalen US-Sécherheetsberoder John Kirby an engem Interview mam amerikanesche Sender ABC News.

Israel hätt hënt och eng Fabrick am Nordweste vu Syrien an der Géigend vun Aleppo ugegraff, hu syresch Staatsmedie gemellt. Wéi et heescht hätt et Doudeger bei där Attack ginn.

Der ONG Syreschen Observatoire fir Mënscherechter no hätt Israel eng pro-iranesch Miliz an der Regioun Hayan nërdlech vun Aleppo mat Rakéiten ugegraff. Op d'mannst 12 Membere vun der Miliz wieren dobäi ëm d'Liewe komm, esou d'ONG.

Dës Behaaptung konnt bis elo net onofhängeg iwwerpréift ginn. Vu israeelescher Säit gouf et bis elo nach keng Stellungnam.