Radioen

On air

Nei Musek  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Innepolitesche Sträit ëm Gaza: Benny Gantz trëtt aus der Regierung zeréck

Net op enger Linn mam Netanjahu

Innepolitesche Sträit ëm Gaza: Benny Gantz trëtt aus der Regierung zeréck

An Israel huet gëschter de Benny Gantz säi Récktrëtt aus der Regierung annoncéiert. Hien huet dem Premier Benjamin Netanjahu virgeheit, Zäit wëllen ze gewannen a keng kloer Decisiounen ze huelen. Dat aus politeschem Calcul.

auto_stories

1 min

Benny Gantz | © picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich

De Gantz hat scho méi laang mat engem Récktrëtt gedreet. Dat well dem Netanjahu seng Regierung kee Plang wollt maachen iwwert eng Nokrichsuerdnung an der Gazasträif.

Verschiddenen Membere vu senger Partei National Unioun sollen elo och zerécktrieden. D‘Regierung wäert awer net gestierzt ginn. Dem Netanjahu seng Ekipp huet och ouni de Gantz a seng Partei eng Majoritéit.