Radioen

On air

Kultur am Gespréich  |  100,7-Kultur-Redaktioun experimentéiert mat Literatur an Alldagsgeräischer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Indien: Iwwer 120 Doudeger no Massepanik op enger reliéiser Versammlung

Och Kanner sinn ënnert den Affer

Indien: Iwwer 120 Doudeger no Massepanik op enger reliéiser Versammlung

An Indien ass d‘Zuel vun den Doudegen no enger Massepanik vu gëschter op iwwer 120 geklommen. Iwwert d‘Hallschent vun den Affer wiere Fraen an et wieren och op d‘mannst 7 Kanner ënnert den Doudegen.

auto_stories

1 min

Vill Mënsche wieren och nach an engem kriteschen Zoustand an der Klinik. Si waren op enger reliéiser Versammlung vun engem selwer ernannte Guru. Eng 150.000 Mënsche ware bei deem Fest dobäi, wéi d'Massepanik ausgebrach ass. Déi meeschten Affer sinn erstéckt.