Radioen

On air

Sot Emol  |  Ingrid Schwarz: Modernt Jodelen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Labour International: Weider 5 Joer Tories wieren "eng Katastroph"

Groussbritannien

Labour International: Weider 5 Joer Tories wieren "eng Katastroph"

De Labour-Chef Keir Starmer dierft de Rishi Sunak als Regierungschef ofléisen. Fir ee Succès ze garantéieren, hätten d’Leit an der Labour-Partei bis zur leschter Minutt haart um Terrain geschafft. Trotzdeem wier näischt garantéiert.

auto_stories

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki
Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki

D’Fiona Urquhart, Presidentin vu Labour International hat bei de Gemengewalen d’lescht Joer hei am Land, fir d’LSAP zu Steesel kandidéiert.

Elo huet si huet am Süde vun England gehollef Campagne fir Labour ze maachen. D’Leit do hätte verstanen, datt sech eppes misst änneren. Et bräicht eng méi Stabil Regierung.

Austeritéit war net noutwenneg

Wat hunn déi Konservativ falsch gemaach? „Vill“, seet d‘Fiona Urquhart.

„Si hunn ugefaange mat Austeritéit, an dat war net richteg noutwenneg. Si haten och vill Problemer, de Brexit an och Covid ware grouss Challengen.“

Déi Konservativ hätten et net fäerdeg bruecht fir ekonomesche Wuesstem a Groussbritannien ze suergen, kritiséiert d’Presidentin vu Labour International. Dofir sinn d‘Parlamentswalen haut immens wichteg, betount si. Weider 5 Joer ënnert de Konservative wier eng „Katastroph“ fir d‘Ekonomie a Kredibilitéit am Ausland.

Gefor vum Rietspopulismus

Geféierlech fir déi sozial a wirtschaftlech Stabilitéit a Groussbritannie wier awer och den Opstig vun der rietspopulistescher Reformpartei vum Nigel Farage, esou d’Meenung vun der Presidentin vun der internationaler Sektioun vu Labour: dës Sektioun huet weltwäit 1.800 Memberen, eng 20 dovun hei am Land.

Aktualitéit
International