Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Dr. Dog - Where'd All The Time Go?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zweete Waltour a Frankräich: Bis 18 Auer mussen d‘Kandidature stoen

Walen a Frankräich

Zweete Waltour a Frankräich: Bis 18 Auer mussen d‘Kandidature stoen

Zwee Deeg nom éischte Waltour a Frankräich mussen d’Parteie bis haut den Owend 18 Auer entscheeden, wéi eng Kandidaten a Kandidatinne mat an den zweeten Tour ginn. Iwwerdeems hunn de Premier Gabriel Attal an d’Marine Le Pen kloer Virstellungen, wéi et no der Wal soll weidergoen.

auto_stories

2 min

Foto: Picture Alliance

Keng Regierungsbildung ouni absolut Majoritéit: Un dësem Grondsaz wëll de Rassemblement National festhalen, ewéi d’Marine Le Pen de Moien um Mikro vu France Inter sot. Sollt een déi néideg Sëtzer awer ganz knapp verfeelen, da kéint ee mat Hëllef vun anere Stëmmen an der Assemblée eng stabil Majoritéit bauen, déi et géing erlaben ze regéieren, sou d’Le Pen.

Dat wëllen de lénken Nouveau Front Populaire an och d’Regierungspartei onbedéngt verhënneren. 

Direkt no den Héichrechnungen a Sonndeg sote béid Lager, si géingen hier Kandidatur fir den zweeten Tour zeréckzéien, wann a Walbezierker aner Kandidatinnen oder Kandidate besser placéiert si fir den RN ze klappen.

190 Kandidature goufe schonn zeréckgezunn

Bis de Moien hu sech schonn 190 Kandidatinnen a Kandidaten zeréckgezunn, fir anere keng Stëmmen ze klauen. Nach bleiwen awer ongeféier 121 sougenannt Triangulairen, mat dräi Optiounen am zweeten Tour. Bis den Owend 18h mussen d’Kandidature stoen. 

De Premier Gabriel Attal sot gëschter Owend iwwerdeems op TF1, hie géing eng Assemblée ustriewen, an där seng Partei genuch Afloss huet a Projetsbezunne Majoritéite mat anere baue kann.

De Moie sot de Manuel Bompard, Chef vun der Lénkspartei La France Insoumise, géigeniwwer BFM-TV, seng Partei géing net fir sou eng grouss Koalitioun zur Verfügung stoen, mee wéilt mat dem Nouveau Front Populaire eng Majoritéit.

Max Tholl (Paräis)