Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Radiohead - Lotus Flower

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Georges Mischo: Fërderung vum Sport brauch Persoune mat Kompetenzen

Sport

Georges Mischo: Fërderung vum Sport brauch Persoune mat Kompetenzen

Zu Lëtzebuerg brauchen d’Sportsveräiner ëmmer méi professionell Hëllef an och qualifizéiert Personal. Dat war de Constat vum Sportsminister George Mischo an der Chamber e Mëttwoch. D'Formatiounen an dem Beräich sollen elo weider ausgebaut ginn.

auto_stories

1 min

Am ganze ginn et 66 Federatiounen, 1.300 Sportveräiner an 137.000 Bierger:Innen, déi eng Lizenz hunn. D’Gestioun an och d’Fërderung vum Sport duerch kleng a grouss Veräiner brauch haut méi ewéi jee Persoune mat Kompetenzen. 

Zesumme mam Educatiounsministère sollen d’Formatiounen an deem Beräich gestäerkt ginn. Am INAPS, dem Institut national d‘activité physique et des sports, soll d‘Offer u Formatioune verbessert ginn. Weider sollen och am Secteur vum Sport nei Berufflech Karriären erméiglecht ginn.

Qualifizéierte Leit eng Perspektiv ginn

D‘Regierung ënnerstëtzt och verstäerkt d‘Beschäftegung iwwert d‘IPES, also der Initiative fir d‘Promotioun vun Emploi am Secteur vum Sport. Domadder géif een de Verbänn géint Bezuelung qualifizéiert Personal zur Verfügung ze stellen, betount de George Mischo.

"D‘Verbänn froe fir de qualifizéierte Leit eng reell Perspektive kënnen ze ginn. Dofir musse si och d‘Méiglechkeet hunn, deene Leit Paien ze bezuele fir mat anere potentiellen Employeure kënnen ze konkurréieren."

Souwuel op administrativem wéi op techneschem Plang bräichten d‘Veräiner méi Ënnerstëtzung. Op d‘mannst ee Sekretariat, fir alldeeglech organisatoresch an administrativ Aufgaben, misst all Verband sech leeschte kënnen, fënnt de Sportsminister.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Sport