Radioen

On air

Popfilter  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konsumenteschutzministesch warnt viru falschen Event-Ticketen

Verbraucherschutz

Konsumenteschutzministesch warnt viru falschen Event-Ticketen

D‘Konsumenteschutzministesch Martine Hansen warnt viru falschen Ticketen, déi online fir Concerten oder Sportsevenementer verkaf ginn.

auto_stories

1 min

Ticketbedrug Illustratioun | © picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer

Dat am Virfeld vun der Fussball-EM an der Saison vun de Museksfestivallen. Verkeefer mussen de Präis, d‘Kategorie an d‘Sëtzplaz matdeelen heescht et. Dobäi kënnt, datt eventuell Fraise mussen ugewise ginn an een d‘Méiglechkeet huet den Ticket zeréck ze ginn. D‘Aussurancë fir en Ticket ze annuléieren misste genau ënnert Lupp geholl ginn, well déi dacks net dat hale wat se verspriechen. Ticketen déi ee keeft solle vun offizielle Sitte sinn, esou d‘Regierung am Schreiwes.