Radioen

On air

Popfilter  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bei Handballsmatch géint Israel goufen anti-israeelesch Slogane geruff

Handball WM Qualifikatioun

Bei Handballsmatch géint Israel goufen anti-israeelesch Slogane geruff

Bei den Handball WM Qualifikatiounsmatcher tëscht Lëtzebuerg an Israel an der Coque um Kierchbierg, koum et zu engem Tëschefall. Am Publikum hu Leit anti-israeelsch Slogane geruff a pro-palestinensesch Banneren an d’Luucht gehal.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© Wikimedia Commons play_arrow
Foto: Wikimedia Commons

D'Sécherheetspersonal huet missen agräife fir d’Protester ze stoppen.

Wéinst dem Krich an der Gazasträif an dem dofir evidente Sécherheetsrisiko och bei Sports-Evenementer, un deenen Israel bedeelegt ass, hätt d’Lëtzebuerger Handballfederatioun sech am Virfeld ganz vill Gedanke gemaach, seet hire Generalsekretär Christian Schmitt.

"Mir hu mat der Regierung geschwat, déi hunn eis de Go ginn, duerno hu mer eis mat der Police zesumme gesat, mir hu mat deene ganz genee gekuckt, a wéi eng Hotelle mer déi israeelesch Equippe leeën. Mir hunn d’Sécherheetspersonal an der Coque quasi verduebelt. Och d’Israeelie selwer hunn hir Sécherheetsleit derbäi gehat."An awer koum et virun allem beim zweete Mätsch gëschter zu engem Tëschefall. E Video dovun zirkuléiert op de soziale Medien."

Wien hannert dëser Aktioun stécht ass den Ament net gewosst. D’Sécherheetsagente vun der Coque hunn d’Protester gestoppt an déi Responsabel erausgeféiert.

Leit misste méi genau duerchsicht ginn

Schonn e Mettwoch wier et zu klenge Virfäll komm, bei deenen d'Sécherheetspersonal net séier genuch reagéiert hätt.

"Dorops hin hu mer du gëschter d’Sécherheetspersonal nach eng Kéier sensibiliséiert an hinne gesot, si mussen nach méi genau d’Leit duerchsichen. A virun allem, déi Leit, déi schonn den Dag virdrun opgefall sinn, datt se déi guer net an d’Hal eraloossen. Mir als Handballfederatioun sinn Haushär gewiescht, an eigentlech muss och dat gemaach ginn, wat mir gesot hunn."

E puer Saache wieren net sou gelaf wéi se hätte sollen. Et wéilt ee sech dofir nach eng Kéier mat der Coque zesumme setzen. 

Keng Kritik vu Säite vun Israel

Et wier awer net sou schlëmm gewiescht, betount de Generalsekretär vun der Handballfederatioun. De Match huet net missen ënnerbrach ginn a vun israeelescher Säit wier och keng Kritik komm.

Israel huet de Match gewonnen, an zwar mat enger Goldifferenz, déi héich genuch war, fir datt Israel an net Lëtzebuerg, an déi nächst Ronn kënnt.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Sport