Radioen

On air

Popfilter  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vëlosfederatioun warnt: Net all Randonnéeë si richteg ugemellt

Vëlosport

Vëlosfederatioun warnt: Net all Randonnéeë si richteg ugemellt

De President vun der Vëlosportfederatioun Camille Dahm warnt viru Vëlosrandonnéeën, déi net iwwer seng Federatioun ugemellt ginn. Dem Sportgesetz no wier d’Federatioun dofir responsabel, fir Vëlosevenementer offiziell unzemellen, esou de Camille Dahm am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

headphones

16 min

Camille Dahm | © Jo Diseviscourt play_arrow
De President vun der FSCL, de Camille Dahm. (Foto: Jo Diseviscourt)

Mëttlerweil géifen awer vill Fräizäitorganisatiounen Velostouren organiséieren, ouni datt d’Federatioun agebonnen ass. An dat géif gewëss Risike mat sech bréngen.

“Déi Gefor ass ganz einfach, datt do eppes Offizielles organiséiert gëtt, a laut Sportgesetz hu mir den Agrement dofir, a soss keen. A wann do eng Kéier een Accident geschitt, da well ech net an deenen hirer Haut stiechen."

D'Organisateure géingen zwar niewebäi Assurancen ofschléissen, mee wann eng Kéier ee Kand oder een Erwuessenen e Problem huet, da géing d'Sportgesetz gekuckt ginn, erkläert de Camille Dahm. "Da leien déi Organisatioune falsch”, seet den FSCL-President.

Ee Vëlodrom fir 36 Clibb: Geet dat duer?

De President vun der Vëlosportfederatioun hofft, datt de Vëlodrom zu Munneref an dräi bis véier Joer opgeet. An den nächste Woche missten d'Baggeren um Chantier ulafen, esou de Camille Dahm. Hie seet, de Vëlodrom wier eng wichteg Saach fir all d’Vëlosclibb am Land.

Mee geet een eenzege Vëlodrom iwwerhaapt duer fir 36 Clibb? De Camille Dahm mengt dat schon.

“Wa mir dat vun de Plagen hir richteg andeelen, dann ass de Vëlodrom schonn eng ganz gutt Saach. Et geet jo net drëms, just um Vëlodrom ze sinn, mee do kënne mir ganz vill elementar Techniken trainéieren. An d’Sécherheet ass och garantéieren.”

Ee genauen Datum fir d'Fäerdegstellung gëtt et awer nach net.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Sport