Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Eagles - Take It Easy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Duncan Roberts: “D’Britte wënsche sech politesch Stabilitéit”

Walen a Groussbritannien

Duncan Roberts: “D’Britte wënsche sech politesch Stabilitéit”

Groussbritannie wielt haut en neit Parlament. An et deit alles drop hin, datt et zu engem politesche Wiessel kënnt: Déi sozialdemokratesch Labour-Partei läit a Sondagë ganz däitlech virun de konservativen Tories. Deene kéint eng hefteg Waldefaite bevirstoen, mengt de brittesche Journalist Duncan Roberts.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

De Labour-Leader Keir Starmer steet domat an de Startlächer fir neie brittesche Premier ze ginn. Déi Konservativ kéinten hir heftegst Waldefaite zënter iwwer 100 Joer erliewen. De brittesche Journalist Duncan Roberts, dee fir déi engleschsproocheg LuxTimes, mengt et kéint esou guer sinn, datt d’Tories d’Wale vun haut net iwwerliewen:

“Also, wa si haut manner ewéi 70 Sëtz kréien, dann ass et eriwwer mat der Partei. Et gi verschidden Tories déi gesot hunn: Vläicht musse mir eis mat der Reform-Partei vum Nigel Farage zesummendinn.“

An de leschte Woche wiere vu Säite vun der Reform-Partei awer och ëffentlech rassistesch Aussoe gemaach ginn. Dat géifen déi Konservativ an der Mëtt fäerten.

6 Premieren an 10 Joer

Datt dem Keir Starmer Partei an de Sondagen esou wäit vir ass, hätt domat ze dinn, datt d‘Bevëlkerung sech nees méi politesch Stabilitéit wënscht. Déi Analys mécht de brittesche Journalist Duncan Roberts am 100,7-Interview. Zënter dem Brexit gouf et 4 Premierminister:innen.

“De Keir Starmer wier de 6. Brittesche Premierminister an de leschten 10 Joer. Ech wunne säit 30 Joer hei zu Lëtzebuerg a mir hate véier Premierministeren.”

De Moien um 8 Auer hunn d’Walbüroen a Groussbritannien opgemaach a bleiwe bis 23 Auer den Owend op. Vun do u ginn dann éischt Héichrechnunge publizéiert.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview