Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Chris Cohen - Night Or Day

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brandbréif vu Sozialaarbechter:innen: Max Hahn weist Versteesdemech

Sans-abrisme

Brandbréif vu Sozialaarbechter:innen: Max Hahn weist Versteesdemech

De Familljeminister Max Hahn huet Versteesdemech fir d’Sozialaarbechter:innen, déi gëschter an engem Communiqué déi prekär Situatioun vun de Sans-Abrisen denoncéiert hunn. Hie selwer géif och fannen, datt et méi Strukture fir Leit ouni Dach iwwert dem Kapp misst ginn.

auto_stories

1 min

© SIP / Jean-Christophe Verhaegen
Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen

De Max Hahn versteet awer net, firwat d‘Sozialaarbechter:innen de Bréif anonym publizéiert hunn. Hien hätt ëmmer en oppent Ouer, ënnersträicht de Minister.

D'Kritik, datt et fir d’Noutstrukuren Waardezäite vun 3 bis 13 Méint ginn, versteet hien duerchaus. Un där Problematik géif hien Dag fir Dag schaffen, huet de Minister nach am 100,7-Interview verséchert.

Déi gréng hu gëschter iwwregens gefrot, datt d‘Chamber-Familljekommissioun fir eng urgent Sitzung an deem Dossier zesumme kënnt.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft