Déi aussergewéinlech gutt budgetär Situatioun géif net genotzt ginn, fir negativ Entwécklunge bei der Aarmut an der Prekaritéit ëmzedréien. Investitioune géifen op militäresch Prioritéite verlagert ginn. Gläichzäiteg géifen d’Depensë fir ënnert anerem de Logement net duer goen.
Héich Militärausgaben trotz Problemer an anere Beräicher
Lëtzebuerg wäert vum nächste Joer un, zwee Prozent vum Revenu national brut (RNB) an d’Defense investéieren, a fënnef Prozent vun 2035 un.
Der CSL no wier et besser, déi vill Suen, déi an d’Verdeedegung solle fléissen, an anere Beräicher ze investéieren. Wéinst dem NATO-Engagement géif et awer net vill Spillraum fir Lëtzebuerg ginn.
“De Spillraum, dee jo do ass, ass effektiv, datt een do soll op 5 Prozent (vum RNB) goen, mee datt awer 1,5 Prozent dovun, awer och kënnen anescht investéiert ginn, datt et zumindest net reng militäresch Depensë musse sinn.”
D’CSL bedauert, datt d’Ausgabe fir den abordabele Wunnraum bis 2029 solle stagnéieren, d’Militärausgaben awer géifen explodéieren.
Sozial Indicateuren op "alarmantem Niveau"
Generell wier d’Situatioun vun den ëffentleche Finanze gesond, huet den CSL-Direkter Sylvain Hoffmann festgestallt. D’Staatsverschëldung wier um niddregsten Niveau an der EU. Déi sozial Indicateure wieren awer op engem "alarmanten Niveau". Bei der Aarmut wier Lëtzebuerg kee Musterschüler sot d’Presidentin vun der Salariatskammer Nora Back.
“Do feelt et eis wierklech konkret un Nouvellen an un Ambitiounen. Mir wëssen, datt d’Aarmut nach ëmmer héich ass zu Lëtzebuerg, a besonnesch d’Kanneraarmut. Mee et sinn awer keng nei Depensë virgesinn an dësem Budget. (...) Obwuel d’Regierung jo gesot huet, dat ass eng vun eise groussen Ambitiounen.”
Kritik u Budgetopdeelung a Steierpolitik
D’Salariatskammer huet och ausgerechent, datt et net géif stëmmen, datt wéi vum CSV Finanzminister Gilles Roth ugekënnegt, d’Sozialtransferten d’nächst Joer 46 Prozent vum Budget géifen ausmaachen. Der CSL no wieren et manner wéi 36 Prozent.
Net zefridden ass d’CSL donieft iwwert déi ugekënnegt weider Reduktioun vun der Kierperschaftssteier fir Entreprisë vun 2027 un.