Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Josh Island - Love Don't Come Easy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schreiwes zur Affär Gaardenhaischen: Keng Indicë fir preferentiel Behandlung

Procureure générale

Schreiwes zur Affär Gaardenhaischen: Keng Indicë fir preferentiel Behandlung

Nodeems d‘Affär Gaardenhaischen ouni penal Suitte fir d‘Carole Dieschbourg fale gelooss gouf, läit elo den entspriechende Bréif vun der Procureure générale vir. Dora steet, datt d’Demande vum Roberto Traversini sengerzäit keen “traitement préférentiel” vun der Carole Dieschbourg krut.

auto_stories

2 min

Am Schreiwes un de Generalsekretär vun der Chamber, de Laurent Scheeck, heescht et, datt een op Grond vun Auditioune vu Fonctionnairen aus dem Ëmweltministère zu deem Constat koum; d’Police hat dofir “plusieurs fonctionnaires” gehéiert, déi an den Traitement vun der Demande vum Roberto Traversini implizéiert waren.

Keng Indicë fir Virzuchsbehandlungen

Weder beim Delai vum Traitement vun der Demande, nach bei der Decisioun vun der deemoleger Ëmweltministesch wären Indicen opgetaucht, déi a Richtung Virzuchsbehandlung gaange wären. Do virdru geet am Bréif vun zwou Perquisitiounen am Ministère Rieds: Iwwert dee Wee sollt erausfonnt ginn, wat fir Suitten aner sou Autorisatiounsdemandë kruten, zanter datt d’Gesetz vu Juli 2018 iwwert den Naturschutz a Kraaft ass. 

Vun do u wieren 20 där Demanden agereecht ginn, vun deenen der 3 refuséiert a 17 guttgeheescht gi wären. An et wier ze notéieren, dass de Preposé vun der Naturverwaltung e positiven Avis ofginn hätt, wat d’Demande vum Roberto Traversini ugoung.

Luc Frieden déi Zäit "wäit ewech vu Politik"

Gëschter hat d’Ex- an zukünfteg gréng Deputéiert Djuna Bernard am 100,7-Interview erkläert, datt an där Affär ënner anerem CSV-Politiker gemengt hätten, Riichter missen ze spillen. Eng Entschëllegung wier an deem Sënn en, “Zeeche vu Gréisst a vun intellektueller Éierlechkeet”.

Dorop ugeschwat erkläert de Premier Luc Frieden, datt hie sech nach guer net mat där Fro beschäftegt hätt. Dat wieren Evenementer, déi stattfonnt hu wou hien „wäit ewech war vun der Politik“. „Ech hunn ëm aner Saache mech an dësen Deeg ze bekëmmere wéi déi dote Fro, an ech hu mech mat där Fro och net ofginn“, heescht ëm vum Premier.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft