Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No der 5. Republik nees zréck an déi 4.?

Walen a Frankräich

No der 5. Republik nees zréck an déi 4.?

Frankräich géif riskéieren, nees zeréck an déi 4. Republik ze falen. Déi Analys mécht de Politikwëssenschaftler Philippe Poirier nom éischten Tour vun den Neiwalen a Frankräich. Eng stabil Regierungsmajoritéit schéngt net a Siicht. 

auto_stories

4 min

headphones

8 min

© Bigstock / PaulMaguire play_arrow

Fir eng absolut Majoritéit an der Assemblée nationale brauch et 289 vu 577 Sëtz. Ënnerschiddleche Sondagen aus Frankräich no, kënnt de rietsextreme Rassemblement National op maximal 280 Sëtz. Et gesäit deemno aus, wéi wa si keng absolut Majoritéit zesumme kréichen.

Regimm gepräägt vu politescher Instabilitéit

Déi Analys deelt och de Politikwëssenschaftler Philippe Poirier. 

Frankräich wier um Wee fir zréck an déi 4. Republik, mengt de Politikwëssenschaftler. Also den No-Krichs-Zäit-Regimm tëschent 1946 an 1958, gepräägt vu politescher Instabilitéit, well et schwiereg war, Majoritéiten tëscht de Parteien ze formen. An engem President, dee méi eng honorabel wéi eng decisiv Roll hat.

„Ce sera très instable pendant près d’une année jusqu’à une éventuelle dissolution.“

Minoritéitsregierung riskéiert ze scheiteren

Fir net mussen no enger Majoritéit ze sichen, kéint och eng Minoritéitsregierung zustane kommen. Och dat hätt een an der 4. Republik versicht, erkläert de Philippe Poirier. Dat ka fir puer Méint nach gutt goen.

„Mais il suffit d’un seul projet de loi, sur même quelque chose d’insignifiant, pour que le gouvernement tombe.“

Ze grouss Differenzen tëschent der Gauche an de Macronisten

Eng Majoritéit ënnert zwee vun deenen dräi gewielte Bléck – also de Macronnisten, dem Front Populaire oder dem Rassemblement Nationale – schéngt onwarscheinlech.

De President Emmanuel Macron hat e Sonndeg no de Resultater vum 1. Tour schonn ugekënnegt, datt ee misst ee gemeinsaamt Bündnis géint déi rietsextrem bilden. Wéi déi lescht Joren awer gewisen hunn, ginn et tëscht der Gauche, also dem Nouveau Front Populaire, an de Macronisten awer gréisser politesch Differenzen:

„Sur la politique budgétaire, sur les contraintes liées à l’Union européenne, sur la politique sociale, sur la politique migratoire, ils sont quand même fort différents.“

Fir eng technesch Regierung mussen d‘Parteie sech iwwer Budget eens ginn

Eng Koalitioun schéngt deemno schwiereg. Eng weider Optioun wier eng sougenannten technesch Regierung – eng déi also net aus Deputéierte vu Parteie besteet, mee als Experten zu verschiddenen Theemen. Dat wier dann nei, erkläert de Philippe Poirier.

„Mais ce gouvernement technique, il a un premier obstacle. C’est former le budget à l’automne.“

Spéitstens beim Stëmme vum Budget géifen sech déi politesch Differenzen nees bemierkbar maachen, wouduerch et dann zu enger weiderer Opléisung vum Parlament kéint kommen, esou d’Aschätzung vum Philippe Poirier.

Rietsextreem wäerte sech nach méi radikaliséieren

Egal zu wéi enger Majoritéit et am 2. Tour nächste Sonndeg wäert kommen, et wäerte rietsextrem Deputéiert an der Assemblée Nationale sëtzen, déi, vue datt se hir Projeten net esou kënnen ëmsetze wéi geduecht – sech weider radikaliséiere wäerten, analyséiert de Politikwëssenschaftler. An och dat méi radikal lénkt Parteiebündnis riskéiert, nach méi radikal ze ginn, fäert de Philippe Poirier.

„La fragilité, non seulement due à la composition, mais à la nature – la nature des forces politiques qui domineront cette Assemblée nationale.“

Macron bleift egal wéi President

An der Assemblée Nationale forme 577 Deputéiert dat franséischt Parlament. Si gi gewielt fir 5 Joer. Bei den aktuellen, virgezunnen Neiwale geet et net drëm de President ze wielen.

Den Emmanuel Macron hat ugekënnegt bis 2027 President ze bleiwen, egal wéi d’Assemblée Nationale sech zesumme setzt an egal wéi ee vun de Parteien de Premier stellt.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft