Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déifferdeng wier gär Deel vum Pilotprojet "police locale" gewiescht

Reaktioun vum Guy Altmeisch

Déifferdeng wier gär Deel vum Pilotprojet "police locale" gewiescht

Den Déifferdenger Buergermeeschter bedauert, datt seng Gemeng net Deel vum Pilotprojet vun der lokaler Police ass. Generell begréisst den LSAP-Politiker Guy Altmeisch dëse Projet awer, wéi hien am 100,7-Interview däitlech gemaach huet.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Beim Pilotprojet vun der lokaler Police hätt d’Gemeng Déifferdeng hir Erfarungswäerter gäre mat abruecht, seet de Guy Altmeisch, deen zënter dem leschte Joer Buergermeeschter ass.

"Leider si mir do net respektéiert ginn. Ech fannen de Projet u sech awer eng gutt Saach an ech si frou, datt mir esou eng Ouverture fonnt hu bei der Police."

De Guy Altmeisch war selwer Polizist, vun 1979 bis 2015, an hie war laang Jore Vize-President vun der Policegewerkschaft. Am Kontext vun der neier lokaler Police warnt hien, datt et net nees zu enger zweeter Police kéim, déi ee laang genuch gehat hätt. Do hätt een d'Vir- an d'Nodeeler selwer erkannt, esou den LSAP-Politiker.

Austausch vun Erfarunge geet net duer

Informatiounen, datt Déifferdeng no der Pilotphas vu sechs Méint och eng lokal Police kéint kréien, huet de Guy Altmeisch net. Fuerdert hien, datt dat geschitt?

"Ganz kloer, ech wier frou, wann ech véier Polizisten, aacht Poliziste weider hätt, hei fir zu Déifferdeng ze schaffen, a d’Sécherheet hei zu Déifferdeng kënnen ze verkafen, egal wéi ee Brassard datt si un hunn, ob si ee Brassard un hu vun der Lokalpolice oder vun der nationaler Police."

Wat déi lokal Police ugeet, sou sollen d’Buergermeeschteren iwwert den Asazberäich kënne matschwätzen. Där Meenung ass den Déifferdenger Buergermeeschter.

Dat sollt awer net nëmmen ënnert der Form vun engem Austausch vun Erfarunge geschéien. "Dat ass mir ze vill eng soft Versioun, déi eis um Terrain net genuch bréngt", engt de Guy Altmeisch.

De Buergermeeschter misst pro-aktiv mat der lokaler Police kënne schaffen, verlaangt den LSAP-Politiker. Seng Gemeng huet ronn 31.000 Awunner.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik