Radioen

On air

Thé Dansant  |  The Band - Acadian Driftwood

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regroupement familial: Véier Palästinenser kruten hir Demande refuséiert

Immigratioun

Regroupement familial: Véier Palästinenser kruten hir Demande refuséiert

Zënter leschtem Oktober hunn 9 Palästinenser hei zu Lëtzebuerg eng Demande gemaach fir e Regroupement familial. Vun deenen 9 Demandë sinn der véier accordéiert a véier refuséiert ginn. Eng ass nach am gaangen, traitéiert ze ginn.

auto_stories

1 min

Regroupement familial | © Jo Diseviscourt

Dës Informatioune ginn aus enger Äntwert vum Inneminister Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP ervir.

Déi Persounen, déi de Regroupement familial refuséiert kritt hunn, hätten d‘Konditiounen dofir net erfëllt. Demanden aus der Gazasträif géifen - an der Reegel - méi séier traitéiert ginn. An der Moyenne dauert et 11 Deeg, woubäi aner Demandë fir d‘Famill ze regruppéieren, 38 Deeg daueren.

Zënter Oktober d‘lescht Joer hunn och 10 Persounen aus de palästinenseschen Territoiren eng Asyldemande hei am Land gestallt. Dräi waren irrecevabel, well déi Persoune schonn Asyl an engem aneren EU-Land haten. Néng Persounen aus Palestinensergebidder hunn an de leschten 8 Méint internationale Schutz hei kritt.