Radioen

On air

Thé Dansant  |  Aretha Franklin - Respect

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat Hëllef vum Privatsecteur erschwéngleche Wunnraum schafen? D'Oppositioun ass skeptesch

Logement

Mat Hëllef vum Privatsecteur erschwéngleche Wunnraum schafen? D'Oppositioun ass skeptesch

D’Oppositioun bleift trotz Erklärunge vun der Regierung skeptesch, wat d’Pläng ugeet fir de Privatsecteur beim Schafe vun erschwénglechem Wunnraum mat anzebannen. A wéi enger Form an zu wéi enge Konditiounen privat Promoteure solle mat agebonne ginn, wier nach ëmmer net kloer, esou d’Oppositioun.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

All Wee misst genotzt ginn, fir erschwéngleche Wunnraum kënnen zu Lëtzebuerg ze schafen, esou de Minister Claude Meisch. Momentan wier dat iwwert ëffentlech Promoteuren, d’Gemengen oder nach de karitative Secteur. Dat wéilt een och bäibehalen, mee eppes soll nei sinn.

"Privat Initiativ hei mat anzebannen, fir datt mir méi erschwéngleche Wunnraum, ënner anerem och op privaten Terrainen, kënne schafen, wou mir soss net géifen dru kommen."

D’ADR weist sech an dësem Dossier manner skeptesch wéi déi aner Oppositiounsparteien. D’Deputéiert Alexandra Schoos begréisst, datt de Privatmarché soll mat agebonne ginn. Fir d’ADR-Deputéiert missten abordabel Wunnengen u manner Reglementer gebonne sinn, fir datt méi käschtegënschteg kéint gebaut ginn.

LSAP: Zwou grouss Inconnuen

Fir déi dräi Oppositiounsparteien LSAP, déi Lénk an déi gréng ass d’Abanne vum Privatsecteur mat vill Froe verbonn, erkläert ënner anerem d'Paulette Lenert.

"Et ass riets vun engem Loyer, deen iwwer eng laang Zäit soll garantéiert sinn: 20 Joer. Deen ënnert dem Marchéspräis ass, mee mir wëssen net, wéi dee soll zustane kommen. Dat anert, wat déi zweet grouss Inconnu ass, ass, wat ass no deenen 20 Joer? Kann dat fräi verkaf ginn? Dat heescht, ka rëm drop spekuléiert ginn, eng plus value ze maachen?"

Hir Partei hätt beispillsweis éischter op e Biergerfong gesat, wéi op de Privatsecteur, esou nach déi fréier Gesondheetsministesch.

Skepsis bei déi gréng an déi Lénk

Och de François Bausch vun déi gréng huet sech skeptesch gewisen.

"Wat ech fäerten ass, datt dat eng Vollkasko-Versécherung gëtt herno fir de Privatsecteur, déi vum Steierzueler muss bezuelt ginn. An do musse mir kucken, wa bis déi éischt Konventioun virläit, wat dat da gëtt. Ech sinn nach ëmmer skeptesch."

Déi Skepsis deelt och den David Wagener vun déi Lénk. Hie sengersäits versteet net, wisou de Staat net méi Wunnenge keeft. Dofir géif et jo beispillsweis ee Virverkafsrecht fir de Staat ginn. Hien huet och op déi sëlleg Baulücken an der Stad opmierksam gemaach.

"Mir hu Baulücken an der Stad, dat geet relativ séier, well et si Baulücken, do muss een net vill Bauten an Infrastrukturaarbechte maachen."

Nodeems et lescht Woch no enger Chamberssëtzung Kritik um Ëmgang mat der Chamber vu Säiten den Oppositiounsparteie ginn ass, well d’Deputéiert keng Äntwerten op hir Froe kritt hunn, huet de Minister Meisch schonn ugekënnegt, fir wa bis d’Projete sprochräif sinn, da rëm zréck ze kommen an iwwert den Detail mat den Deputéierten zesummen ze diskutéieren.  

 

Aktualitéit
Logement
Politik