Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Interministeriellen Aarbechtsgrupp soll sech zukünfteg mat den "Habitats indignes“ befaassen

Wunnen zu Lëtzebuerg

Interministeriellen Aarbechtsgrupp soll sech zukünfteg mat den "Habitats indignes“ befaassen

Hei am Land ass u sech keen zoustänneg fir déi sougenannten "Habitats indignes“ ze kontrolléieren. Dat geet aus enger Äntwert vum Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro ervir. Et soll awer een interministeriellen Aarbechtsgrupp op d'Bee gestallt ginn, fir sech där Matière unzehuelen.  

auto_stories

1 min

E¨nnert dem Begrëff "Habitats indignes" versteet ee Raimlechkeeten, déi zu Wunnzwecker genotzt ginn, obwuel se dofir net virgesi sinn, oder och Gebaier, déi an engem ganz schlechten Zoustand sinn an eigentlech aus Sécherheetsgrënn net dierfte bewunnt sinn. Déi awer vu sougenannten "Schlofhändler“ u Leit verlount ginn, déi um normale Wunnengsmaart näischt fannen.

De Piraten-Deputéierte Marc Goergen huet dozou eng parlamentaresch Fro gestallt. Den Inneminister Léon Gloden äntwert dorop a gëtt zou, datt et dozou keng Statistiken zu Lëtzebuerg ginn, an datt d‘Loyerskommissioune keng Kompetenz an där Matière hunn.

Si wiere just zoustänneg bei Sträitfäll ronderëm de Loyer, esou d'Prezisioun vum Minister. D’Regierung géif awer plangen, den interministeriellen Aarbechtsgrupp iwwer d’Salubritéits- a Sécherheetskrittäre vun de Wunnengen ze reaktivéiere fir eventuell déi aktuell Gesetzgebung ze reviséieren.