Radioen

On air

Tockcity  |  Jamie xx - It's So Good

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Locatairë "bleiwen nees op hirem Honger setzen"

Reaktioun op d'Zréckzéie vun der Loyersdeckel-Reform

D'Locatairë "bleiwen nees op hirem Honger setzen"

Datt d’Regierung am Ministerrot decidéiert huet, d’Reform vum Loyersdeckel nees zeréckzezéien, suergt fir ënnerschiddlech Reaktiounen. Kritik um elo nees iwwerschaffte Gesetz vum Bail à loyer kënnt virun allem vu Säite vun der Oppositioun.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Loyer | © Unsplash / Tierra Mallorca play_arrow
Foto: Unsplash / Tierra Mallorca

Den Direkter vun der Agence immobilière sociale Gilles Hempel huet eis géigeniwwer vun enger gudder Saach geschwat. Deen Deckel, deen ënnert dem Henri Kox decidéiert gi wier, wier net deen, dee gebraucht géif ginn. Virleefeg bleift et also beim 5-Prozent-Deckel amplaz wéi geplangt bei 3, respektiv 3,5 Prozent.

François Bausch: D'Locatairë "bleiwen nees op hirem Honger setzen"

Fir de François Bausch vun déi gréng wier dat eng Decisioun am Interessi vun de Proprietären, wat an enger Linn mat der aktueller Politik wier.

"An dat do gëtt ganz einfach eraus geholl mam Argument: Mier wëllen nach weider driwwer nodenken. Mee ech fäerten, datt hei méi d'Suerg matgespillt huet vun de Proprietären, wéi elo onbedéngt déi vun de Locatairen, well déi bleiwe jo hei rëm op hirem Honger sëtzen."

déi Lénk wonnere sech net

Schaarf Kritik och vun déi Lénk: D’CSV–DP Koalitioun géif eng dekomplexéiert Politik géint d’Locatairë féieren, heescht et an engem Communiqué. Allerdéngs hätt de schlechte Projet vun der Virgängerregierung et der aktueller Koalitioun einfach gemaach, seet den David Wagner vun déi Lénk.

"Mech wonnert dat éierlech gesot net, well mir wëssen, datt mir et mat enger Regierung ze dinn hunn, déi fir d'grouss Proprietäre schafft, an net fir d'Locatairen. Dat heescht, et gesäit duerno aus, wéi wa se elo beim Status quo wéilte bleiwen an dann nokucke wäerten, wéi weiderhin d'Loyeren deemno wéi an d'Luucht ginn."

Nuancéiert Kritik vun der LSAP

Méi nuancéiert fält d’Reaktioun vun der LSAP aus, déi de Gesetzestext jo schonn als Koalitiounspartner kritiséiert hat. Fir d’Taina Bofferding ass et positiv, datt vill Punkten iwwerholl gi sinn, notamment och de Plaffong vun 10 Prozent iwwer zwee Joer. Ëmmerhin hätt d’Regierung och erkläert, iwwer nei Léisungen nozedenken.

"Wichteg ass, an dat huet d'Regierung gesot haut, datt weiderhin d'Rechter vun de Locatairë solle gestäerkt ginn. Bon, dat hei ass eng Pist wou een dat duerchaus ka maachen, an dofir leeë mir hei der Regierung un d'Häerz, datt se och an déi Richtung soll goen. Mee et soll een elo mol fair bleiwen a kucken, mat wat se da konkret wäerte kommen."

Muer um Mëttwoch kënnt d’Logementskommissioun beieneen. D’LSAP huet de Sujet Loyersdeckel do schonn op den Ordre du jour setze gelooss. De Logementsminister Claude Meisch wäert sech dee Moment erkläre mussen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Logement
Politik